Wann Dir ons ënnerstëtzen wëllt, kuckt w.e.gl. an der Rubrik Geschichtsfrënn. De Comité freet sech iwwert Är Ufro.

Ancien Couvent des Soeurs Dominicaines

102A, Avenue Pasteur
L-2311 Luxembourg

info@stquirinus.lu

IBAN LU45 0019 5155 0657 2000
BCEELULL

© Geschichtsfrenn St. Quirinus 2017
R.C.S. Luxembourg F11543

Dir kënnt ons gären iwwert dësen
Formular kontaktéieren:

  • Facebook - Grey Circle

Die St. Q

D'Geschicht vum Däitschherrenuerden zu Lëtzebuerg

Den däitschen Uerde gouf 1190 während enger Buergbelagerung virun der Stad Akkon (Haut: Israel) gegrënnt. Ugefaangen nëmme fir déi Krank a Verletzten ze fleegen, huet hien sech séier zu engem militäresche Ritteruerden ëmgewandelt. Seng Haaptaufgab war d'Pilger op hire Reesen ze beschützen. De Setz vum Uerde war Akkon, ab 1291 Venedeg, ab 1309 Marienburg (Polen) an ab 1457 Königsberg. Fir de Kampf géint déi heednesch Pruzzen am Joer 1225, war den Uerden dunn an dat deemolegt Ostpreisesch geruff ginn. Bis an d'15. Joerhonnert eran huet hie säi Land am Baltikum vergréissert a säin eegene Staat vum däitschen Uerde gegrënnt. An Éisträich ass en bis haut nach aktiv.

Uerdensgidder an Uerdensschenkungen zu Lëtzebuerg.

Uerdensgidder an Uerdensschenkungen ab 1221  zu Lëtzebuerg. (Copyright: Olivier Huberty)

Mir schreiwen d’Joer 1221 no Christus. Walram, Grof vu Lëtzebuerg, iwwerschreift dem Däitschherrenuerden, d’Hospice an der Stad. Es ass domadder dat éischt Spidol an der Stad an dat zweet zu Lëtzebuerg – no Iechternach.

Leider ass de geneeë Standuert net gewosst. Et hellt een un et war an der Uewerstad bei der Achtpforte, bannent der Festungsmauer. Dës Paart war déi wichtegst a louch um ale Réimerwee vun Treier op Reims. Genee esou schwätzt och de Pouvoir vum Walram fir déi Plaz an der Uewerstad.

 

An der domus theutonica zu Tréier, ginn 1242 zwee Nimm als Grënnungsmember vum Lëtzebuerger Haus ernimmt. Milles Nicolaus de Luzellenburch an de Frater Johanner vu Calra (Kahler), de spéidere Landkomtur vun der Ballei Loutrengen. Déi vu Kahler sinn och ee vun den eelsten Adelsgeschlechter hei am Land.

 

Vun 1249 un, ass ee Spidol vum Däitschen Uerden ënnert dem Numm St-Elisabeth, bewisen. Déi Plaz huet haut nach den Numm Däitschkaul a war vis-à-vis vun der St Ulrichskierch an der St Ulrichspaart, op där Plaz, wou d’Uelzecht a Péitruss zesumme kommen. Den Uerde muss also an där Zäit tëscht 1235, dem Doudesjoer vun der helleger Elisabeth an 1249, vun der Uewerstad an de Gronn geplënnert sinn. Déi Plaz entsprécht der Reegel vun de mëttelalterlechen Hospicen, bei enger Paart an no beim Waasser. 

 

Dëst Haus war fir d’Aarmen- an d’Krankepfleeg geduecht. Allerdéngs keng modern Klinik mat engem OP, proppere Better a Buedzëmmeren, mee éischter fir ze Fleegen an zum Aderlass geduecht. D’Personal bestoung aus Bridder vum Däitschen Uerden an Zivilisten, déi mat gehollef hunn.

De Kardinalspaschtouer vu Sankt Sabina an de Pobst Alexander den IV., verschenkten 1253 an 1258, un all Gleewegen, déi bei de Festdeeg zu der Helleger Elisabeth gebiet hunn, jee een Ablass vun 100 Deeg. Fir 1260 ass och een Dokter Sybodo am Stater Gronn ernimmt.

 

Déi wichtegst Zäit vum Hospice war am 14. a 15. Joerhonnert. Zu dëser Zäit war d’St. Elisabeth Hospice zimlech beléift. Si haten zum Schluss bedeitend Uerdenshäff a Schenkungen zu Steesel, Sandweiler, Syr, Bech, Wellesteen, Réimech, Munrëf, Rëmerschen, Wëntreng, Éiter, Contern, Dummeldeng, Bäreldeng, Boufer, Rolleng, Stroossen, Leideleng, Hesper, Schëffleng an d’Hallschent vum Schlass zu Cattenom; an dann nach Grond, Haiser; Gäert a Wiesen an der Stad. Vill vun den ale Zënsbicher sinn nach haut erhalen.

 

Ufanks vum 14. Joerhonnert, hunn d’Däitschherren déi liicht gotesch Baussefassad vun der Gräinskapell (DE.: Greinskapelle, FR.: Chapelle St. Quirin) gebaut. De geneeën Datum ass leider net bekannt. Op engem ale Steen an der Baussefassad stoung bis nach an dat lescht Joerhonnert den Datum 1355.

 

De ville Krich an déi intern Problemer vum Uerden hu sech zimlech negativ op Däitschherrenhaus an der Stad ausgewierkt. D’Uerdenshäff goufe vernoléissegt, d’Beruffer hunn ofgeholl an d’Recettë goungen zeréck. 1584 duecht een esouguer dodrun d’Hospice opzeléisen an Dominikaner, deenen hiert Klouschter 1543 zerstéiert gouf, do ënnerzebréngen.

No méi wéi 400 Jore, verloossen d’Däitschherren 1671 de Stater Gronn. Fir d’Festung auszebaue, gëtt dat alt Hospice vun de Spuenier ofgerappt. Si plënneren elo an d’Uewerstad.

 

Dat neit Hospice louch um Enn vun der Hellegt-Geescht Strooss. Niewent dem Hospice, gouf et ee Stall fir véier Päerd an eng kleng Kapell. Dat neit Spidol koum awer net méi richteg zum Erfolleg; déi Krank wollte léiwer vun de Fraen, wei vun de Männer, gefleegt ginn. D’Däitschherrenhaus war ëmmer méi oft eidel bliwwen.

 

Den 10 Juni 1795 huet déi franséisch Revolutiounsgarden d’Stater Festung ageholl. Duerch een neit Gesetz vum Napoleon Bonaparte goufen all Uerden opgeléist an deenen hir Lännereien dem Stad zougeschriwwen.

 

Däitschherrenhaus an der Uewerstad gouf 1797 fir 15.000 Pënner (Livres) un de franséischen Agent Duerieux verkaf. Neie Besëtzer vum Haus war 1824 den Affekot Graeschen, dunn ab 1842 de Direktiounssëtz vun der Douane a gehéiert haut enger Partei.

 

Eng detailléiert Uerdens-Chronik ass iwwert de Comité ze kréien.

Uerdensgidder an Uerdensschenkungen zu Lëtzebuerg.